Gebiet 21 Geeschteg Qualitéiten

Slow Love ballad, jazz, electric piano,

August 9th, 2024suno

Lyrics

Vun de séiss-doftege Stréimungen vun Denger Éiwegkeet gëff mer ze drénken, o mäi Gott, a vun de Friichte vum Bam vun Dengem Wiesen erlab mer ze schmaachen, o meng Hoffnung! Vun de kristallene Quelle vun Denger Léift looss mech vëlleg drénken, o meng Herrlechkeet, an am Schied vun Denger onvergänglecher Vorseeung looss mech wunnen, o meng Luucht! An de Wisen no bei Dir, an Denger Präsenz, looss mech dorëmmer goen, o Du, deen ech gär hunn, a setz mech zur rietser Hand vum Troun vun Dengem Erbaarmen, o mäi Verlaangeren! Vun der dofteger Lëftche vun Denger Freed looss en Hauch iwwer mech zéien, o mäin Zil, a looss mech eran an d’Héichte vum Paradis vun Denger Wierklechkeet, o mäin Ugebieten! De Melodië vun der Dauf vun Denger Eenheet looss mech nolauschteren, o Du Stralenden, an duerch de Geescht vun Denger Kraaft a Muecht belief mech, o Du, dee mech versuergt! [accoustic guitar soft break] [accoustic guitar soft break] Am Geescht vun Denger Léift looss mech standhaft bleiwen, o meng Hëllef, an um Wee fir Dir ze gefalen, stäerk meng Schrëtt, o mäi Schëpfer! Am Gaart vun Denger Onstierflechkeet, virun Dir, looss mech fir ëmmer bleiwen, o Du, deen s Du baarmhäerzeg zu mir bass, an um Sëtz vun Denger Herrlechkeet, looss mech néier, o Du, deen s Du mäi Meeschter bass! An den Himmel vun Denger Léift a Gutheet erhief mech, o Du, deen s Du mech beliefs, an zum Himmel vun Denger Féierung leed mech, o Du, deen s Du mech unzitts! Virun den Offenbarunge vun Dengem onsichtbare Geescht fuerder mech op präsent ze sinn, o Du mäin Ursprong a mäin hékste Wonsch, an zur Essenz vum Doft vun Denger Schéinheet, déis Du manifestéiere wäerts, maach, dass ech zeréckkommen, o Du, deens Du mäi Gott bass! Du hues d’Muecht ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech de Souveräänsten, den Allherrlechen, den Allerhéksten. [outro accoustic jazz guitar]

Empfohlen

I found my way
I found my way

electric guitar intro, high notes, hair/glam metal, 90s, catchy,

Louder Calls on Narrow Streets
Louder Calls on Narrow Streets

hip-hop chinese traditional rhythmic beat

Dive in
Dive in

Brasil,upbeat,Slow, lofi, rock, 60s,70s, guitar, drum, bass, jazz, bossa nova,trumpet , bass drop, r&b, soul, funk, pop

Barely Breathing
Barely Breathing

euro, indie, powerful female vocals

We Danced Till the End
We Danced Till the End

Piano Pop Rock, Theatrical, male vocals

Time Trip with George
Time Trip with George

rhythmic trippy hip hop

Eiskalte Winde
Eiskalte Winde

rock ballade, piano, two voices

Shadows of Trust
Shadows of Trust

J-pop, combined with rock and modern r&b, upbeat female vocals

伊凡与艾米莉
伊凡与艾米莉

Indie folk, space, rock music, melodic,Pay attention to the main chorus

Why'd 'ur Hair Got White Buddy?
Why'd 'ur Hair Got White Buddy?

Melancholic guitar intro, dark blues, male vocal, moderato, electro guitar

Celestial Love
Celestial Love

synth-pop atmospheric dreamy

Even though
Even though

Rap goa trance

Moonlit Pact
Moonlit Pact

neoclassical darkwave,ethereal,mysterious

Es La
Es La

la pop, experimental, pop electronic

Whispers of Heaven
Whispers of Heaven

ambient slow calm

Dancing in the Moonlight
Dancing in the Moonlight

pop, soft rock, adult contemporary

青春的光芒
青春的光芒

emotional female