Gebiet 25 Geeschteg Qualitéiten

Classical Persian slow love Ballad, persian piano, ambient clear vocal Persian female voice, adagio

August 12th, 2024suno

가사

[clean sound] Verherrlecht sief Däin Numm, o mäi Gott, duerch deen d’Beem am Gaart vun Denger Offenbarung mat Gréngs agekleet goufen, a si d’Friichte vun der Hellechkeet ausgedroen hunn an dëser Fréijoerszäit, wou sech de séisse Geschmaach vun Denger Gefällegkeet an Dengem Seegen iwwer alles leet an et ervirbréngen deet, wat am Kinnekräich vun Dengem onwidderrufflechen Uerder an am Himmel vun Dengem onverännerleche Plang fir si virausbestëmmt gouf. Ech bieden Dech bei eben dësem Numm, looss net zou, dass ech wäit ewech sinn vum Haff vun Denger Hellegkeet, oder ausgespaart vum héijen Hellegtum vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet. Fänk dofir d’Feier vun Denger Léift a menger Broscht un, o mäi Gott, fir dass seng Flam alles verbrennt bis op meng Erënnerung un Dech, dass all Spuer vu verduerwener Begier a mir ganz ausgeläscht gëtt, an dass näischt iwwerechbleift ausser der Verherrlechung vun Dengem transzendenten an allherrleche Wiesen. Dëst ass mäin héckst Bestriewen, mäi brennende Wonsch, o Du, deen iwwer alles herrscht an an deem Senger Hand d’Kinnekräich vun der ganzer Schëpfung läit. Jo wierklech, Du méchs, wat Dir gefält. Et gëtt kee Gott niewent Dir, dem Allmächtegen, dem Allherrlechen, Deem, deen ëmmer nees verzeit. Bahá ’uu’ lláah O Här! O Här! Wat fir e Stroum vu Mëtschgiewegkeet hues Du gewäert a wat fir eng Flut vu räichlecher Gnod hues Du bewëllegt! Du hues all d’Häerzer wéi zu engem eenzegen Häerz matenee verschmëlze gelooss an all d’Séilen zu enger eenzeger Séil matenee verbonnen. Du hues beweegungslose Kierper Liewen a Gefill ginn an doudege Leiwer d’Bewosstsi vum Geescht geschenkt. Duerch déi liichtend Strale vun der Sonn vum Allbaarmhäerzegen hues Du dës Stëbsatomer mat siichtbarer Existenz bekleet an duerch d’Welle vum Mier vun der Eenheet hues Du dës winzeg Drëpse befäegt héichzeschloen an ze dauschen. O du Allmächtegen deens Du engem Stréihallem d’Muecht vun engem Bierg gëss an e Stëbskäerche befäegs d’Herrlechkeet vun der stralender Sonn erëmzespigelen! Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht fir dass mir eis erhiewen fir Denger Saach ze déngen an eis net virun de Vëlker vun der Äerd schumme mussen. Ab dull Baháa Schenk eis, Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht fir dass mir eis erhiewen fir Denger Saach ze déngen an eis net virun de Vëlker vun der Äerd schumme mussen. Ab dull Baháa

추천

你算老几
你算老几

female singer, electropop, r&b

Di bawah langit
Di bawah langit

Heavy metal

Swimming Through the Blades
Swimming Through the Blades

grunge electric alternative rock

Schnitzeltek
Schnitzeltek

German Folktronica Reggae

О любви
О любви

melodic pop acoustic

Find My Ground
Find My Ground

Hard rock 80s style Upbeat very melodic Driving beat In a positive key Sing along style

Drink and be merry
Drink and be merry

Pirate Shanty sad metal

Neon Dreams
Neon Dreams

synthwave slow beat lo-fi

Nescafe  Coffee
Nescafe Coffee

Atmospheric syncopated techno trance acoustic guitar melody piano

Bound by Love
Bound by Love

Lovesong (male voice)

poems for you
poems for you

Revolutionary Songs, China, piano, impressive, grandiose

Тишина
Тишина

pop acoustic melodic

when it hurt
when it hurt

cinematically emotional with a good beat, something that makes you feel something but isn't crazy sad

Whispers of Love
Whispers of Love

gregorian chant style melodic sweet

ยายจ๋า
ยายจ๋า

ลูกทุ่ง

Bassline Rumba
Bassline Rumba

electro house latin salsa drill and bass

Angel's Tale
Angel's Tale

pop rock rebellious