Lyrics
[clean sound]
Verherrlecht sief Däin Numm, o mäi Gott,
duerch deen d’Beem am Gaart vun Denger Offenbarung
mat Gréngs agekleet goufen,
a si d’Friichte vun der Hellechkeet
ausgedroen hunn an dëser Fréijoerszäit,
wou sech de séisse Geschmaach
vun Denger Gefällegkeet
an Dengem Seegen iwwer alles leet
an et ervirbréngen deet,
wat am Kinnekräich
vun Dengem onwidderrufflechen Uerder
an am Himmel
vun Dengem onverännerleche Plang
fir si virausbestëmmt gouf.
Ech bieden Dech bei eben dësem Numm,
looss net zou,
dass ech wäit ewech sinn
vum Haff vun Denger Hellegkeet,
oder ausgespaart
vum héijen Hellegtum
vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet.
Fänk dofir d’Feier vun Denger Léift a menger Broscht un,
o mäi Gott,
fir dass seng Flam
alles verbrennt
bis op meng Erënnerung un Dech,
dass all Spuer
vu verduerwener Begier a mir
ganz ausgeläscht gëtt,
an dass näischt iwwerechbleift
ausser der Verherrlechung
vun Dengem transzendenten
an allherrleche Wiesen.
Dëst ass mäin héckst Bestriewen,
mäi brennende Wonsch,
o Du, deen iwwer alles herrscht
an an deem Senger Hand
d’Kinnekräich vun der ganzer Schëpfung läit.
Jo wierklech, Du méchs, wat Dir gefält.
Et gëtt kee Gott niewent Dir,
dem Allmächtegen, dem Allherrlechen,
Deem, deen ëmmer nees verzeit.
Bahá ’uu’ lláah
O Här!
O Här!
Wat fir e Stroum vu Mëtschgiewegkeet
hues Du gewäert
a wat fir eng Flut vu räichlecher Gnod
hues Du bewëllegt!
Du hues all d’Häerzer
wéi zu engem eenzegen Häerz
matenee verschmëlze gelooss
an all d’Séilen zu enger eenzeger Séil
matenee verbonnen.
Du hues beweegungslose Kierper
Liewen a Gefill ginn
an doudege Leiwer
d’Bewosstsi vum Geescht geschenkt.
Duerch déi liichtend Strale
vun der Sonn
vum Allbaarmhäerzegen
hues Du dës Stëbsatomer
mat siichtbarer Existenz bekleet
an duerch d’Welle vum Mier vun der Eenheet
hues Du dës winzeg Drëpse befäegt
héichzeschloen an ze dauschen.
O du Allmächtegen
deens Du engem Stréihallem
d’Muecht vun engem Bierg gëss
an e Stëbskäerche befäegs
d’Herrlechkeet vun der stralender Sonn
erëmzespigelen!
Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht
fir dass mir eis erhiewen
fir Denger Saach ze déngen
an eis net virun de Vëlker vun der Äerd
schumme mussen.
Ab dull Baháa
erëmzespigelen
erëmzespigelen
Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht
fir dass mir eis erhiewen
fir Denger Saach ze déngen
an eis net virun de Vëlker vun der Äerd
schumme mussen.
Ab dull Baháa