Lyrics
Hien ass Gott.
O Du gudden Här, dee mir gär hunn!
Dës Frënn sinn euphoresch mam Wäin vum Bond
a si Wanderer an der Wildnis vun Denger Léift.
Hir Häerzer sinn opgeziert
vun de Flame vun der Trennung vun Dir
a si verlaangeren äifreg
no der Offenbarung vun Denger Pracht.
Aus Dengem verbuergene Kinnekräich,
dem Räich vum Onsiichtbaren,
offenbar hinnen déi stralend Herrlechkeet
vun Denger Gnod a looss de Glanz vun Denger Guttheet op si schéngen.
Schéck hinnen zu all Moment
en neie Seejen,
an erweis hinnen
e weidere Gefalen.
O gëttlech Vorseeung!
Mir si schwaach an Du bass de Stäerksten.
Mir si wéi butzeg Seejomessen
an Du bass de Kinnek vum Räich vun der Herrlechkeet.
Gewär eis Deng Gnod a schenk eis Deng Guttheet
esou dass mir eng Flam ufänken
an hire Glanz verbreeden.
Dass mir Stäerkt weisen an en Déngscht leeschte kënnen.
Gëff, dass mir dëser donkeler Äerd Erliichtung
an dëser vergänglecher Welt aus Stëbs Geeschtegkeet bréngen.
Looss eis net,
och nëmmen ee Moment,
raschten oder eis mat vergängleche Saache
vun dësem Liewe besuddelen.
Befäeg eis, e Banquee vun der Féierung virzebereeden,
mat eisem Liewensblutt d’Verse vun der Léift néierzeschreiwen,
Angscht a Gefor hanner eis ze loossen,
esou ze gi wéi Beem, déi Friichten droen.
A mënschlech Vollkommenheeten
an dëser vergänglecher Welt
zum Virschäi kommen ze loossen.
Du bass wierklech den Allbaarmhäerzejen,
de Matleedvollsten, den Ëmmerverzeienden, den Nosiichtejen.
ʻAbdu'l-Bahá
A mënschlech Vollkommenheeten
an dëser vergänglecher Welt
zum Virschäi kommen ze loossen.
Du bass wierklech den Allbaarmhäerzejen,
de Matleedvollsten, den Ëmmerverzeienden, den Nosiichtejen.
ʻAbdu'l-Bahá